Hero background

Diskussiouns Grupp iwwert den Minimum Bedarf vu Senioren (STATEC-GERO)

Participanten fir eng qualitativ Étude gesicht:

Dezent liewen am Alter: wat heescht dat a wat brauch een dofir?

De STATEC  a GERO-Kompetenzzenter fir den Alter sinn op der Sich no Participanten fir eng Étude zum Thema Grondbedierfnesser am Alter. D’Zil vum Projet ass et e sougenannten “Minimumbudget” fir pensionéiert Senioren iwwer 65 Joer ze entwéckelen, deen et hinnen erlaabt, dezent ze liewen a net vun der Gesellschaft ausgeschloss ze sinn.

Am Kader vun dësem Projet gi Gruppendiskussiounen organiséiert. Mir schwätze engersäits iwwert d’Fro wat dezent Alteren generell heescht an anerersäits diskutéiere mir verschidden Aspekter déi sollen an de Minimumbudget opgeholl ginn.

Wee gëtt gesicht?

Mir siche Persounen, déi iwwer 65 Joer al a pensionéiert sinn, keng gréisser kierperlech Aschränkungen hunn, doheem wunnen a Loscht ze diskutéieren hunn. Et gi soss keng besonnesch Kenntnisser erwaart!

Wéini a wou?

D’Gruppendiskussiounen fannen den 27. Juni, 18. Juli an 20. Juli um 14.00 zu Itzeg am Gebai vu GERO statt. D’Diskussioun dauert ongeféier 2 Stonnen. All Participant brauch nëmmen un enger Grupp deelzehuelen.

Interesséiert?

Sidd Dir interesséiert oder hutt nach weider Froen?

Da mellt iech gär hei un:

27. Juni/Juin 14.00-16.00 Auer/heures

18. Juli/Juillet 14.00-16.00 Auer/heures

20. Juli/juillet 14.00-16.00 Auer/heures

Dir kritt dann vun eis e klengen Formulaire an deem mir Iech e puer Froen stellen fir dass mir d’Gruppen optimal kennen zesummestellen.

Wat ass e Minimumbudget?

E Minimumbudget ass e Budget, deen all déi néideg Ausgaben zesummefaasst, déi e Stot muss maachen fir kennen dezent an der lëtzebuergescher Gesellschaft deelzehuelen, oder anescht gesot, fir net aarm ze sinn. Am Kader vum Projet ginn all d’Grondbedierfnesser vu verschiddenen Persounen analyséiert an dann an engem konkrete Budget zesummegefaasst.

De STATEC schafft zënter 2014 un dëse Budgeten an huet ënner anerem schonn Minimumbudgeten fir schaffend Erwuessener a Famille mat Kanner ausgeschafft. https://statistiques.public.lu/fr/actualites/conditions-sociales/conditions-vie/2022/05/20220503.html

Dir sidd interesséiert mee entspriecht nët dem gesichte Profil?

Da froe mir Iech nach em e bësse Gedold. An enger zweeter Phase wäerte mir och Budgeten entwéckelen fir eeler Leit mat gesondheetlechen Problemer an kierperlechen Aschränkungen, déi op Hëllef ugewise sinn. Dee Moment komme mir gär op Iech zréck.

 

Dokument(e)

  • Nom document

    Verfügbare Sprachen:
  • Flyer

Möchten Sie informiert bleiben?

Monatlich erscheinen unsere Newsletter geroAKTIV und geroPRO. Eine automatische Zusendung erfolgt nach Eingabe Ihrer E-Mail Adresse.