Workshop
4 Tage
Luxemburgisch
Referent*in
Claudine Menghi & Edmée Hoffmann
Danzen am Sëtzen am Alter gëtt et elo zu Lëtzebuerg zanter méi wéi 30 Joer. Danzen ass net nëmme mat Freed verbonnen, mee et aktivéiert och Kierper a Geescht, esou dass een esouguer am Alter ganz geschmeideg bleift.
D‘Inhalter vun dësem Cours sinn:
- Erklärungen: Danz um Stull
- Gediechtnestraining
- 15 nei Dänz: Virstellung vu geléierten Dänz fir méi Sécherheet ze kréien.
D‘Dänz gi vereinfacht, fir se gruppegerecht unzewenden - D’Dänz gi verschafft, sou dass jidderee säi perséinleche Sproochtext erschaffe kann
- Boomwhackers Gediechtnestraining, Spaass un der Musek, zesummen eppes erschaffen, Erfollegsgefill
- Bastelen: Bastele vun neien Handgeräter fir verschidden Dänz
- Danz um Stull a mam Rollator: Erklärungen zur Stierzprofilax. Wéi ee Stierz ka reduzéieren, andeems een d’Muskelen duerch d’Danze kräftegt.
- Preparatioun fir den Test